top of page
Rechercher

Stellung vun "déi gréng" vis-à-vis vun der Propositioun vun der Initiative

Dernière mise à jour : 6 juin 2018

Gerechtegkeet a Solidaritéit sinn d''Grondprinzipien, op déi all eis gréng Positiounen a Politiken opbauen. Sou och eis Virstellunge vun engem méi nohaltege Wirtschaftsmodell fir Lëtzebuerg, bei deene global Gerechtegkeet an de Schutz vu Mënschrechter eng wichteg Roll spillen. Mir sinn der Meenung, datt och hei am Land d'Iddi vun der „Corporate Social Responsabilty“ onbedéngt muss weider entwéckelt ginn. Dozou gehéiert ënner anerem eng rechtlech Reegelung vum „Devoir de Vigilance“ fir transnational Entreprisen. An eisem provisoresche Wahlprogramm fir d'Chamberwahlen 2018, deen den 30 Juni soll gestëmmt ginn, bekenne mir eis dofir ganz kloer zu engem Gesetz fir eng „Suergfaltsflicht“ nom franséische Modell. Nieft sou enger gesetzlecher Regelung brauche mir awer och Kontrollmechanismen, déi dofir suergen, datt transnational Entreprisen, Mënscherechter, souwéi sozial an Ëmweltstandarde net nëmme bei eis, mee och op hiren net-europäesche Sitten anhalen. An dësem, wéi och an anere Beräicher ass et wichteg, datt mir vun der Iddi vun enger „Obligation de Moyen“ (Handlungsflicht) fir Betriber ewechkommen, an a d'Richtung vun enger „Obligation de Résultat“ (Erfollegflicht) histeieren. Aus deene Grënn ënnerstëtze mir selbstverständlech och d'Efforte vun der „Initiative pour un devoir de vigilance au Luxembourg“.


26 vues0 commentaire
bottom of page